D’Alips as een Berufsverband vun psychiatreschen infirmieren/ièreen déi um Terrain vun Lëtzebuerg wunnen oder schaffen. D’Associatioun as am Juni 2001 gegrënnt ginn. Als solch verteidegen mir déi berufflech Interessen vun den psychiatreschen infirmieren/ièreen.

Eis Zieler sin:

  • Een Uspriechspartner an eng méiglech Ënnerstëtzung fir den psychiatreschen Infirmier/infirmièren ze sin.
  • Den Beruff vum psychiatreschen infirmier/ière um nationalen Niveau zesummen ze bréngen, an een Austausch ze erméiglechen, dëst och mat anneren Experten aus der mentaler Gesondheet.
  • Synergien mat anneren Beruffsverbänn ze entwéckelen.
  • Ënnerstëtzung a Fuerderung vum Beruff vum psychaitreschen infirmier/ère wéi och vun der Ausbildung vum Beruff un sech.
  • Déi sozialpolitesch Situatioun am Bezug zu eisem Beruff ze suivéieren an, wann néideg, ze intervenéieren.

Fir des Zieler ze ereechen, brauchen mir vill Zeit an Energie. Dofir brauchen mir all Eenzelnen vun Iech als Member vum Verband. Wann Dir Loscht huet, kennt Dir Iech gäer am Comité oder an engem Aarbechtsgrupp engagéieren, an esou eppes an der mentaler Landschaft um nationalen Niveau ze bewierken.

Jiddwereen deen an der mentaler Gesondheet schafft kann Éieremember ginn an vun Austauschaktivitéiten profitéieren.

Mir freeën eis eppes vun Iech ze héieren!

Recueil de textes législatifs:

Règlement grand-ducal du 10 juin 2011 portant sur l'exercice de la profession d'infirmier psychiatrique.

Loi du 24 juillet 2014 relative aux droits et obligations du patient

Règlement grand-ducal du 7 octobre 2010 établissant le code de déontologie de certaines professions de santé. - Legilux)